Includes unlimited streaming via the free Bandcamp app, plus high-quality download in MP3, FLAC and more.
Purchasable with gift card
€1EUR or more
about
ËMMER RËM - V.I.C
lyrics
[Verse 1]
Géisse kachend Waasser op de Stéen an ech genéissen de Moment
Mir sin dauernd gehetzt, well d'Zait fortrennt!
Knapps 30 Joer aal, main Härz as erfruer,
Hu scho 5 Homies ënner 30 begruef.
Ze vill Käpp si' voller Haass a se denken net u muer -
Ouni Léift tëschent Eltren gin hei Kanner gebuer!
Ëmmer rëm déi selwegt Story well de Shit as strukturell;
Ëmmer rëm Stress mat der Police a se landen an der Zell!
Et as eng elle Welt an och d'Aussicht as gro,
"Vergiess sou wéi et fréier war" seet eis de Virulog.
Verspriechen dass ech séier maan an ech léen lo lass,
andeems ech mär e Plaiséier maan mam Fuza um Bass.
Ëmmer rëm fänkt mech d'Mukke wann naischt méi geet.
Di méng Kopfhörer un an ech gi ménger Wée -
Di méng Kopfhörer aus an ech hun en neien Track!
Ëmmer rëm V.I.C - et as Lëtzebuerg-West!
[Hook]
Ëmmer rëm sin ech stonne-laang gefaang mat den Aen um waisse Blat!
Et as ëmmer rëm déi selwegt Geschicht, e Beat, du an ech, et entsteet e Gedicht! (Et as)
Ëmmer, ëmmer rëm sin ech stonne-laang gefaang mat den Aen um waisse Blat!
Et as ëmmer rëm déi selwegt Geschicht, e Beat, du an ech, et entsteet e Gedicht!
[Verse 2]
Sëtze stonne-laang owes virum Blat, denken iwwert dat no wat mol war, wéen ech war - wéen ech sin, dee wou ech wëll gin. Wou wëll ech hin?
Wat wëll ech aus mir maan? Ech maan main Job an rëselen Rhymes aus dem Arm! A.k.a. Reimkickkonscht aus dem Gefill!
Just aus Léift zu der Saach an all Zeil as stabil! All deng Zeilen sin schwaach an du flécks mat Acryl! Bass e Studio-Rapper Gars, am Freestyle gëss du gekilled!
Ech, a meng Gild, ausgebildt a Staater Ecker! Maach dir vu mir kee Bild mee lauschter no wéi ech rappen. Text, den Takt sëcher ouni Getuddels an top Form, du bass top Fan bei RTL a fills dech enorm du Muet!
V.I.C de Mann mam Spuet, ech sin dée wou grueft, ech si flénk mam Wuert a méng Lyrik buert, wéi ee Buerer déif an dai Kapp!
V.I.C plus dain Ouer an et bild' sech d'Synapse!
credits
released November 30, 2022
Lyrics: V.I.C
Beat: The Fuza Beat Prod.
Recording & production: The Fuza Beat Prod.
Mixing & mastering: Taipan
V.I.C is an MC from Luxembourg hailing from the western town of Mamer. His musical career started back in 2008, being a
front singer in various luxembourgish bands such as Los Duenos or Down Again. His debut solo album "Bic Up" was released 26.02.2021 and is now streaming on all digital platforms....more